
5 Mieresnaturschutz Erfolleger
Um 8. Juni feiere mir de Weltdag vun den Ozeanen, den World Oceans Day soll eis drunn erënneren datt d’Mierer eng immens grouss Roll och an eisem Alldag spillen. Lo soen sech vläit puer Leit datt mir am Moment wierklech méi wichteg Probleemer hunn wéi eis och nach de Kapp iwwert d’Gesondheet vun de Mierer ze zerbriechen, mee och zu Zäiten vun der sanitärer Kris an Protester, sinn d’Mierer ee Virbild. D’Mierer sinn nämlech een onwarscheinlechen Reservoir vun neien Wirkstoffer déi an der Entwécklung vun Antibiotika an Medikamenter géint Virus-Erkrankungen gebraucht ginn. Souguer den Test dee geholl geet fir den COVID-19 ze detektéieren benotzt Enzymer déi fir d’éischt an Bakterien an der Tiefsee entdeckt goufen am Joer 1969. D’Naturschutz Projete mam gréissten Erfolleg sinn d’Resultat vun Communautéiten déi zesummen op een gemeinsamt Ziel hischaffen.
D’Thema vum UN World Oceans Day 2020 ass „Innovatioun fir een nohaltegen Ozean“. D’Mierer leiden momentan un de Folgen vun der Klimakris, der Iwwerfëschung, an der Zerstéierung vun de Liewensraim. D’Erausfuerderungen ginn ëmmer méi grouss, dofir brauchen mir och ëmmer néi Léisungen an Experten déi se ëmsetzen. Ma heinsdo kann een mat den ganzen Informatiounen iwwert de schlechten Zoustand vun de Mieren d’Flëmm kréien. Wat mir lo brauchen ass e bëssen Mieresoptimismus fir eis drunn ze erënneren datt e positiven Wandel méiglech ass. Héi hunn mir 5 inspiréierend Erfollegsgeschichten aus dem Mieresnaturschutz zesummen gestallt.
1. Participatioun vun der Communautéit fir de Schutz vun der Karett-Schildkröt
Déi éischt Geschicht ass déi vun der Karett-Schildkröt, déi op der Rouder Lëscht vun den gefäerdeten Aarten steet. Nach bis 2007, huet dës Schildkröt als gréisstendeels ausgestuerwen gezielt am Ostpazifik. Mee während engem internationalen Workshop, hunn Experten sech getraff an Informatiounen iwwert verschidde Regiounen a Bréiplazen ausgetosch. Et gouff nees Hoffnung fir dës Aart. Am Joer 2009, huet eng Equipe vun Experten den Ästuar (eng Flossmündung) vum Padre Ramos Naturreservat am Nicaragua besicht, wou et Rumeuren gouf iwwert vill Schildkrötsnäschter. Wat se do fonnt hunn huet all Erwaardungen iwwertraff: d’Regioun zielt zu de wichtegste Bréiplazen am ganzen Ostpazifik mat 40% vun Karett-Schildkröt Näschter. Leider goufen ganz vill Näschter braconéiert an zerstéiert.

2010 gouf dunn den Nicaraguan Hawksbill Project gegrënnt, deen déi lokal Communautéit, de Gouvernement, an verschidden ASBLen zesummen un een Dësch bréngt. Dëse Projet hat een onwahrscheinlechen Impakt, a bis elo goufen iwwert 500 Näschter geschützt, iwwert 50,000 Bëbee-Schildkröten goufe fräi geloss, Déieren goufe mat GPS-Senderen equipéiert an Plagen ginn nach ëmmer kontrolléiert. D’Geheimnis vun dësem Erfolleg? D’Communautéit gëtt direkt am Naturschutz mat agebonn an d’Leit kréien eng Belounung wann si de Fuerscher een Nascht mellen, als Inzentiv fir d’Deckelsmouken ze schützen amplaz ze braconéieren. Sou hunn d’Fuerscher méi Hëllef fir d’Plagen ze kontrolléieren an d’Léit hunn eng nohalteg Alternativ zum Braconage.



2. Beschleunegung vun der Toleranz géint Hëtzt a Korallen

De Korallen geet et schlecht, ganz schlecht. D’Hallschent vun den Korallen am Great Barrier Reef hunn déi extreem Hëtzewelle vun 2016 an 2017 net iwwerlieft. Dozou kënnt datt d’Korallen 89% manner Larven produzéiert hunn am Joer 2018. Trotz dësem séiere Verloscht, hu Fuerscher lo eng Entdeckung gemaach déi e Fonken Hoffnung gëtt. Normalerweis, wann d’Waasser ze waarm gëtt, stoussen d’Korallen déi klengen Algen mat deene si an Symbiose liewen aus. Sou kënnt et dann zu „coral bleaching“ an d’Korallen gi ganz wäiss. De Buerger huet lo awer mat senger Equipe dës wichteg Alge bei héijen Temperaturen (31°C) iwwert 4 Joer am Labo wuessen gelooss. Hir Hoffnung war et sou kënschtlech Toleranz géint Hëtzt an den Symbionten ze erhéijen an datt Korallen dann och héich Temperaturen besser iwwerstoen kënnen. An huet et fonctionéiert? Dräi vun den 10 Algenkulturen aus dem Labo hunn effektiv d’Korallen méi resistent géint Hëtzt gemaach. Dës Entdeckung rett kaum alleguerten Korallen, ma mir léieren sou awer ëmmer méi iwwert d’Reaktioun vu Korallen op de Klimawandel a vläit kënnen sou Agrëffer hëllefen kënschtlech Riffer méi resistent ze maachen.
3. Comeback vun de Walen
Verschidden Walen hu sech nach ëmmer net vum kommerzielle Walfang erholl. Virun allem de Fall vum Nordatlantesche Glattwal mëscht Suergen, well nëmmen nach vläit 400 Déieren vun dëser Aart iwwereg bléiwen. Ma aner Aarten hunn een erfollegräichen Comeback gemaach nodeems de kommerzielle Walfang international gestoppt gouf. Sou hat de Schutz vum Finwal, dem 2. gréisste Wal nom Blowal, en immense Succès an et schätzt een datt et weltwäit nees ëm déi 100.000 Finwalen ginn, Tendenz steigend. 2018 gouf de Finwal dann och vu „bedroht“ op „vulnerabel“ rof gestuuft op der IUCN Lëscht vun den bedroten Aarten. Finwale liewe gréisstendeels wäit eweg vun der Küst, wou manner Schëffsverkéier an Fëscherbooter sinn. Dat kinnt erklären firwat sech d’Populatioun vum Finwal konnt sou vills méi séier erhuelen wéi déi vum Glattwal, dee ganz no bei der Küst lieft. Dorunner gesi mer datt et hautdesdaags nach ganz aner Bedrohungen fir d’Walen ginn an datt verschidden Aarten méi Schutz brauchen wéi nëmmen d’Stoppen vum Walfang.

4. Tubbataha Riffer: E Paradis fir Haien
Matzen am Korallen-Dräieck an de Philippinnen läit den Tubbataha Reefs Natural Park. Hei huet eng international Equipe vu Fuerscher vu Large Marine Vertebrates Research Institute Philippines, dem Tubbataha Management Office, an der Marine Megafauna Foundation eng onwahrscheinlech Unzuel u Riffhaien entdeckt. Dës Zuelen ginn nees Hoffnung well weltwäit ginn d’Haipopulatiounen zréck an d’Gesondheet vu Korallenriffer gëtt méi schlecht. D’Fuerscher hu während Tauchgäng a mat ënnerwaasser Kamerafalen d’Unzuel an d’Diversitéit vun Haien a Roche geschätzt. Dobäi hu si souvill gro Riffhaien (grey reef sharks) an wäissspëtzen Haien (whitetip reef sharks) gesi wéi a soss kengem Naturreservat. Wat mëscht Tubbataha zu sou engem erfollegräichen Naturpark? Am Géigesaz zu anere Reservaten, gëtt Tubbataha immens gudd geréiert an et gëtt gekukkt datt d’Reegelen och agehall ginn, dat dank dem Asaz vun de Park-Rangeren. De Naturpark gëtt seit den 80er Joren geschützt a gouf 1993 zu engem UNESCO Welterbe Site deklaréiert. Et hëlleft och datt de Park immens grouss ass an wäit weg vu Land läit. D’Beispill vun Tubbataha beweist datt Naturparken fonctionéieren kënnen wann d’Regulatiounen déi um Pabéier stinn och an d’ Realitéit ëmgesat ginn.
5. Renaturéierung vun de Küsten
Mangrovebëscher gi Schutz viru Stierm, sinn d’Heem vu ville verschiddenen Aarten, an absorbéieren vill CO2. Se sinn einfach en immens wichtegen Ekosystem wouvunner vill Communautéiten ofhänken. Leider sinn säit 1980 iwwert d’Hallschent vun alle Mangrovebëscher verschwonnen duerch d’Ofholzen fir Brennmaterial oder fir Plaz ze maachen fir Aquakulturen (virun allem fir Crevetten). Fir dësem Verloscht entgéintzehalen, ginn et lo ëmmer méi Initiativen fir nees Mangrovebeem unzeplanzen. Mee d’IUCN warnt datt Projeten wou Mangroven en masse geplanzt ginn zwar schéin op de Fotoen ausgesinn mee net onbedéngt nohalteg sinn. Dacks ginn nämlech déi falsch Aarte Beem ugeplanzt an de Mix un Aarten ass och net ideal (och do hunn d‘Monokulturen Nodeeler). Déi gudd Noriicht? Mir hunn ëmmer méi Wëssen fir et richteg ze maachen. De Mangrove Action Projet benotzt zum Beispill eng Technik déi se „Community-Based Ecological Mangrove Restoration“ nennen. Si kukken sech d’Ekologie, den Offloss vum Waasser an de Bedarf vu de lokalen Communautéiten genee un fir sou een individuellen Renaturéierungsplang ze entwéckelen. Dobäi addresséieren si och d’Probleemer déi zur Ofholzung geleet hunn. Déi Technik gouf schon ugewannt fir d’Mangroven an Thailand an Indonesien ze renaturéieren. Duerch international Workshopen gesi mir sëcher och an d’Zukunft méi nohalteg an erfollegräich Renaturéierungen vun de Mangrovebëscher.



Text an Iwwersetzung vum Anna Schleimer. Schéinen World Oceans Day!
Image credit cover photo: Shutterstock/WWF/Simon Pierce/TerreSky MICS photo/Anna Schleimer